Fir déi méi kleng lëschteg Momenter …
Wéi déi meescht Museksveräiner huet d‘Fanfare Royale Grand-Ducale Lëtzebuerg och eng Strëpp.
Dës méi kompakt Formatioun setzt sech aus enger Rei Musekanten aus dem groussen Orchester zesummen. Si kënne méi laang wéi e groussen Orchester gefälleg Ennerhaalungsmusek spillen.
D‘Grënnesch Strëpp kuckt op eng laang Traditioun zeréck an ass 2010 nei opliewe gelooss ginn.
Déi nei Grënnesch Strëpp ass ideal fir z. B. Summerfester oder fir déi méi speziell Momenter musikalesch z'encadréieren.